ArchivGeschichten – Eng Zäitrees an d’Vergaangenheet

著者: Archives nationales de Luxembourg
  • サマリー

  • De Podcast „ArchivGeschichten – Eng Zäitrees an d’Vergaangenheet“ presentéiert verschidden Evenementer an Entwécklungen aus der Lëtzebuerger Geschicht unhand vu Quellen aus de verschiddene Fongen aus dem Lëtzebuerger Nationalarchiv. D’Nolauschterer entdecken esou bedeitend Fakten aus der Geschicht vun eisem Land, déi vun eise wëssenschaftleche Mataarbechter virgestallt ginn. Dëst erlaabt dem Nolauschterer anzetauchen an déi spannend Geschichten, déi sech an den Déifte vum Nationalarchiv befannen a kréie gläichzäiteg en Abléck an déi oft zäitintensiv awer interessant Aarbecht vun den Historiker an Archivisten.
    All rights reserved by Archives nationales de Luxembourg
    続きを読む 一部表示

あらすじ・解説

De Podcast „ArchivGeschichten – Eng Zäitrees an d’Vergaangenheet“ presentéiert verschidden Evenementer an Entwécklungen aus der Lëtzebuerger Geschicht unhand vu Quellen aus de verschiddene Fongen aus dem Lëtzebuerger Nationalarchiv. D’Nolauschterer entdecken esou bedeitend Fakten aus der Geschicht vun eisem Land, déi vun eise wëssenschaftleche Mataarbechter virgestallt ginn. Dëst erlaabt dem Nolauschterer anzetauchen an déi spannend Geschichten, déi sech an den Déifte vum Nationalarchiv befannen a kréie gläichzäiteg en Abléck an déi oft zäitintensiv awer interessant Aarbecht vun den Historiker an Archivisten.
All rights reserved by Archives nationales de Luxembourg
エピソード
  • Thermalbad Munneref: De Wandel vun enger privater Initiativ zu engem staatlechen Optrag
    2024/09/30
    An der zweeter Episode vum Podcast „ArchivGeschichten“ ginn d’Jennifer Muller an de Marc Lepage op d’Entsteeung vum Domaine Thermal zu Munneref an an erzielen, wéi et iwwerhaapt dozou komm ass dass Munneref zu engem sougenannte Kueruert ginn ass. Méi am Detail geet de Marc Lepage och dorops a wéi eng Roll e.a. de Lëtzebuerger Staat beim Erhalt an der Gerance vum Domaine Thermal gespillt huet. Doriwwer eraus kritt Dir och dës Kéier erëm en Abléck iwwert d‘Dokumenter déi zu dësem Sujet am Nationalarchiv (ANLux) ze fanne sinn.
    続きを読む 一部表示
    32 分
  • Vun Quantitéit zu Qualitéit : de Lëtzebuerger Wäibau an der Tëschekrichszäit
    2024/06/11
    An der éischter Episode vum neie Podcast „ArchivGeschichten“ ginn d’Jennifer Muller an de Charles Lux op d’Geschicht vum Lëtzebuerger Wäibau an. Méi genee geet et ëm d’Problemer vum nationale Wäibau an der Tëschekrichszäit a wéi doduerch vun enger Quantitéits- op eng Qualitéistsproduktioun ëmgestallt gouf. Och kritt Dir en Abléck iwwert d‘Dokumenter déi zu dësem Sujet am Nationalarchiv (ANLux) disponibel sinn.
    続きを読む 一部表示
    33 分

ArchivGeschichten – Eng Zäitrees an d’Vergaangenheetに寄せられたリスナーの声

カスタマーレビュー:以下のタブを選択することで、他のサイトのレビューをご覧になれます。